http://www.nowa.lu
 

Liesmarathon 2010

Termine:

Samstag, 24. April 2010, 19:30 Uhr; Cité auditorium - Luxembourg

Am Kader vum Internationalen Dag vum Buch, e Samschdeg, de 24. Abrëll 2010, organiséiert de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV) an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg (VdL) e grousse Liesowend an der «Bulle » vun der Cité-Bibliothéik (18, rue Genistre) an der Stad mat 17 lëtzebuerger Auteuren – Member vum LSV – déi op däitsch, franséisch a lëtzebuergesch schreiwen.

Dëse literareschen Owend ass eng Visitekaart vun der lëtzebuerger Literatur an de verschiddene Genren.

Et liesen dës Auteuren aus dem Lëtzebuerger Schrëftstellerverband:

All Auteur liest ongeféier 7 Minutten.

Géint 21.00 ass eng Paus virgesinn.

Musikalesch Begleedung: fënnef akusmatesch Wierker, iwwerdroe vun engem Lautspriecher Octophonie-Orchester, den Noise Watchers Acousmonium

D’Liesung geschitt an engem konviviale Kader, wou de literareschen a perséinlechen Austausch tëscht Auteur a Publikum garantéiert ass.

Ufank ëm 19.30 Auer.

Den Entrée ass fräi.